Driving Experience For Charity & Exclusive Car Exhibition.Manifestatiounsdatum: Sonndes de 7. Juli 2019

Léif Amateure vu schéinen Autoen,
Léif Sponsoren,
Léif Participants'en,
Léif Fräiwëlleger a Frënn,

De Lions Club "Roude Léiw" a seng Partner ATREX an High Speed Racing Club soen Iech en häerzleche Merci fir Aer Participatioun un der 5. Editioun vun der "Driving Experience for Charity & Exclusive Car Exhibition" vum vergaangene 7. Juli. Eise Merci och un déi Responsabel vum Centre de Formation pour Conducteurs a vun der GOODYEAR zu Kolmer-Bierg déi eis hir Siten gratis zur Verfügung gestallt hun.

Ouni dës Siten an ouni den Engagement vun de Besëtzer vun den Autoen, de ville Sponsoren, de Fräiwëllegen an de Memberen vun deenen dräi Clibb hätt esou e Projet fir de gudden Zweck vun däer Envergure mat Sécherheet nët kënne stattfannen.

De Bënëfiss vum Dag ass integral fir karitativ Wierker hei zu Lëtzebuerg.

Ënner der Rubrik "Fotogalerie" kënnt Dir Iech Biller an e klenge Filmchen ("Official aftermovie") vun dësem memorabelen Dag ukucken.

Dir kënnt natierlech gär weiderfueren, eis gutt Wierker ze ënnerstëtze mat engem Don op de Kont LU22 0030 8652 5655 1000 vun der BGLLLULL op den Numm vum Lions Club Roude Léiw.

Wann Dir eis gär iwwert Är Sociétéit sponsert, da kontaktéiert eis w.e.g. iwwert sponsoring@defc.lu

Mat léiwe Gréiss,

Lions Club "Roude Léiw"

Kanner vu folgenden Associatiounen däerfe gratis matfueren:

Kriibskrank Kanner
SOS Kannerduerf
APEMH Fondation

Mir soen eise Sponsoren en häerzleche Merci:

Centre de Formation pour Conducteurs
GoodYear
Ferrari and friends Luxembourg