Programm
Editioun 2019
- 1. Open-Track um GOODYEAR-circuit (vun 9.00 bis 13.00 Auer)
Fuert mat Ärem eegene Sport- oder Exklusivauto iwwer d'GOODYEAR-Pist. Präis: 100,- Euro pro Stonn. - 2. Fir de "Grand Public": "Baptêmes de piste" um GOODYEAR-Circuit (vun 14.00 bis 18.00 Auer)
Fuert als Bäifuerer an engem Sport- oder Exklusivauto iwwer d'GOODYEAR-Pist. Mindestalter: 16 Joer. De Präis fir de Bäifuerer fir 3 Ronnen um Circuit ass 20,- Euro an der Kategorie "Sports Cars und Classic Cars", 30,- Euro an der Kategorie "Supercars" a 40,- Euro an der Kategorie "Hyper Cars". - 3. Fir de "Grand Public": Tier an engem Sport- oder Exklusivauto op den ëffentleche Stroossen ronderëm Kolmer-Bierg (vun 11.00 bis 18.00 Auer)
Fuert als Bäifuerer an engem Sport- oder Exklusivauto op enger vu véier proposéierte Routen ronderëm Kolmer-Bierg. Kee Mindestalter. D'Dauer vun engem Tour ass ongeféier 12 Minutten; d'Präisser sin déi selwecht wéi fir d'Ronnen um Circuit.
- 4. Gratis"Baptêmes" oder -tier fir d'Kanner vun den Associatiounen "Fondatioun Kriibskrank Kanner", "Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl" a "Fondation APEMH" (vun 13.00 bis 14.00 Auer)
- 5. Ausstellung vun Exklusiv-Autoen (vun 10.00 bis 18.00 Auer)
Fuert mat Kanner vun deenen drei Associatiounen mat Ärem eegene Sport- oder Exklusivauto entweder iwwer d'GOODYEAR-Pist (Mindestalter 16) oder op enger vu véier proposéierte Routen ronderëm Kolmer-Bierg. Dës Fahrte si gratis, esouwuel fir de Chauffeur wéi och fir d'Kanner!
Stellt Ären Exklusivauto gratis um site vum Centre de Formation pour Conducteurs aus. Besonnesch Stellfläche si fir "Youngtimer" an "Oldtimer" reservéiert.
Eng Kombinatioun vun e puer vun dëse Formulen ass gär gesinn. Dir kënnt also zum Beispill moies eleng op der Pist fueren a mëttes Ären Auto ausstellen oder e moies ausstellen a mëttes un de "baptêmes" oder den Tier deelhuelen.Fir Iessen an Drénken, Musek, Animatioun, Spiller fir Kanner asw. ass gesuergt!
Nëmme fir d'Besëtzer vun den Autoen: sech aschreiwen